VOOZH about

URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Basketball

⇱ Basketball – Wikipedia


Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
👁 Image
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
👁 Image
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Sportaart Basketball. Fir de Ball dee fir d'Spill gebraucht gëtt, kuckt wgl. Basketball (Ball).
Basketball
👁 Image
👁 Image
Typ Ballsportaart, Mannschaftssport
Olympesch Sportaart ♂ zënter 1936
♀ zënter 1976
Federatioun
International Fédération internationale de basket-ball
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de basketball
Ursprong
Ursprongsland Vereenegt Staate vun Amerika
Erfonnt Dezember 1891
Erfinder James Naismith
Aner Informatiounen
Spiller (Maximum) 5
Gebraucht gëtt Basketball (Ball), Basketsterrain, Basketskuerf
Aktuelle Weltmeeschter ♂ 👁 Image
Däitschland (2023)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ 👁 Image
USA (2022)
👁 Image
👁 Image
Déi italieenesch Basketballspillerin Sara Giauro bei engem Dräi-Punkte-Worf an der Europe-Cup-Finall vun de Fraen (2005)

Basketball ass eng Ballsportaart, déi meeschtens an enger Hal praktizéiert gëtt a bei där zwou Mannschafte probéieren de Ball an ee vun den zwéi Kierf ze geheien, déi an enger Héicht vun 3,05 Meter op der schmueler Säit vum rechteckegen Terrain vis-à-vis vunenee stinn.

Eng Mannschaft besteet aus fënnef Feldspiller a bis zu siwen Auswiesselspiller. Jiddwer Treffer an de Kuerf aus dem Spill eraus zielt jee no Distanz zwéin oder dräi Punkten. E getraffe Fräiworf zielt ee Punkt. D'Mannschaft mat der héchster Punktzuel gewënnt de Match.

Basketball zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg huet am Ganzen 31 Basketclibb déi am nationale Verband federéiert sinn.

👁 Image
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de basketball.

👁 Image
Commons: Basketball – Biller, Videoen oder Audiodateien