VOOZH about

URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Hubble-Konstant

⇱ Hubble-Konstant – Wikipedia


Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
👁 Image
Entwécklungsstadie vum Universum (net moossstafgerecht)

D'Hubble-Konstant H0, genannt nom US-amerikaneschen Astronom Edwin Hubble, ass eng vun de fundamentalste Gréisste vun der Kosmologie. Si beschreift d'Quot vun der Expansioun vum Universum zum haitegen Zäitpunkt. Haut gëtt och dacks de Begrëff Hubble-Parameter gebraucht, well d'Hubble-Konstant genee geholl keng Konstant ass, mä sech mat der Zäit verännert. Den homogeene Virgank vun der Expansioun gëtt als Hubble-Floss bezeechent.

Den aktuellste Wäert (August 2012) fir d'Hubble-Konstant gouf duerch déi prezis Kalibréierung vun de Cepheiden als Standardkäerzen am mëttleren Infrarout mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop ermëttelt an ass

👁 {\displaystyle H_{0}\approx (74{,}3\pm 2{,}1)\ {\frac {\mathrm {km} }{\mathrm {s\cdot Mpc} }}}

mat Mpc fir Megaparsec.

👁 Image
Portal Astronomie