VOOZH about

URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Istanbul

⇱ Istanbul – Wikipedia


Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
👁 Image
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Istanbul
👁 Image
Land Tierkei
Vewaltungseenheet Istanbul
Buergermeeschter Nuri Aslan
Awunner 15.655.924
2023
Fläch 5.343 km²
Héicht 100 m
Koordinaten 41°0'36"N, 28°57'37"O
Telefonszon 212
Postcode 34000–34990
Websäit http://www.istanbul.gov.tr/
👁 Image
👁 Image

Istanbul (tierkesch İstanbul), dat aalt Konstantinopel, ass mat 15.655.924 Awunner (Stand 2023)[1][2] déi gréisst Stad an der Tierkei a gouf ënner dem Numm Byzantion gegrënnt.

D'Stad läit souwuel op der europäescher wéi och op der asiatescher Säit un den Uwänner vum Bosporus an ass dofir déi eenzeg Metropol, déi sech iwwer zwéi Kontinenter erstreckt. Mat hirer bal dräidausendjäreger Geschicht ass s'eng vun den eelste Stied, déi haut nach op der Welt bestinn. Istanbul ass de Kultur- a Wirtschaftszentrum vun der Tierkei. Traditiounsgeméiss ass Istanbul de Sëtz vum Patriarch vu Konstantinopel, deen als Chef vun der ganzer Orthodoxie unerkannt ass. D'Stad ass de Sëtz vum Äerzbëschof vun der tierkesch-orthodoxer Reliounsgemeinschaft, vum armeeneschen Äerzbëschof a vum tierkeschen Ieweschte Rabbiner.

👁 Image
D'Staddeeler vun Istanbul.

D'Stad Istanbul ass an 39 Staddeeler agedeelt: 25 op europäeschem, a 14 op asiateschem Buedem.

Istanbul ass eng Universitéitsstad an huet a senge Mauere Bibliothéiken, eng Rei vu Muséeën an och auslännesch Kulturinstituten. D'Alstad vun Istanbul gouf 1985 op d'UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierwe gesat.

Istanbul war 2010, mat Essen a Pécs, Europäesch Kulturhaaptstad.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
👁 Image
Déi weltberüümt Blo Moschee zu Istanbul
👁 Image
De Ciragan Palace um Bosporus (Lo: Kempinski Hôtel)
👁 Image
De Basar zu Istanbul
  • Blo Moschee
  • Moschee Hagia Sophia
  • Topcapi Palace
  • Grousse Basar
👁 Image
Commons: Istanbul – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. https://data.tuik.gov.tr/Bulten/Index?p=Adrese-Dayali-Nufus-Kayit-Sistemi-Sonuclari-2023-49684.