VOOZH about

URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Kar_(Planz)

⇱ Kar (Planz) – Wikipedia


Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
👁 Image
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fruuchtzort Kar. Fir d'Gefier, kuckt wgl. Kar (Gefier).
Kar
👁 Image
Secale cereale
An anere Sproochen fr: seigle
de: Roggen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Commelinidae
Uerdnung Poales
Famill Séissgrieser
Gattung Secale
Wëssenschaftlechen Numm
Secale cereale
L., 1753
👁 Image

D'Kar (Secale cereale, dt. Roggen, fr. seigle), och alt Kuer, Kuarren, Kuärren, eng vun de Kar-Aarten (Secale), ass eng Kärenzort, déi an den temperéierten Zone wiisst. Et gëtt Summer- a Wanterkar, woubäi a Mëtteleuropa bal nëmme Wanterkar ugebaut gëtt.

D'Kar ass besser un e killt an dréchent Klima ugepasst wéi Weess. Kar ass keng klassesch Fruuchtaart, déi et schonn an der Antiquitéit gouf. Et gëtt villméi ugeholl, datt et virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessfelder vu Klengasien opkoum a mat recoltéiert gouf[1].

Kar gëtt a Mëttel- an Osteuropa geholl, fir mat sengem Miel Brout ze maachen. Soss doruechter gëtt et och als Fudder fir d'Béischte geholl. Kar kann och zu Alkohol verschafft ("gebrannt") ginn (Kardrëpp), vereenzelt gëtt et geholl, fir Bio-Ethanol ze produzéieren.

Am 19. Joerhonnert gouf d'Kar nëmmen op liichte (sandege) Biedem a Rengkultur geséit. Wou de Buedem fir reng Weesskultur net gutt genuch war, ass bewosst eng Mëschung vu Kar a Weess geséit ginn. Dës Mëschung gëtt op Lëtzebuergesch Mëscheler genannt.

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]

Waasser 9% Protein 12% Fett 2,5% Kuelenhydrater 65% Ballaststoffer 9,5% Mineralstoffer 2%

Donnéeë fir 100 g

Brennwäert 1400 kJ

Calcium 33mg Eisen 2,67mg Magnesium 121mg Phosphor 374mg Kalium 264mg Natrium 6mg Zénk 3,73mg Koffer 0,450mg Mangan 2,680mg Selen 0,035mg

Thiamin 0,316mg Riboflavin 0,251mg Niacin 4,270mg Pantothensaier 1,456mg Vitaminn B6 0,294mg Folsaier 0,060mg Vitaminn E 1,870mg Alpha-Tocopherol 1,280mg

Tryptophan 0,154 g Threonin 0,532 g Isoleucin 0,549 g Leucin 0,980 g Lysin 0,605 g Methionin 0,248 g Cystin 0,329 g Phenylalanin 0,674 g Tyrosin 0,339 g Valin 0,747 g Arginin 0,813 g Histidin 0,367 g Alanin 0,711 g Asparagin 1,177 g Glutamin 3,661 g Glycin 0,701 g Prolin 1,491 g Serin 0,681 g

Et gëtt eng modern Kräizung tëscht Kar a Weess, Triticale, déi d'Proprietéite vun deenen zwou Aarte vereenegt.

Déi gréisst Karproduzenten op der Welt

[änneren | Quelltext änneren]
👁 Image
00
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

No der FAO goufen 2005 weltwäit 15,5 Mio. t Kar recoltéiert. Der Rei no sinn dat, no Land:

Déi gréisst Karproduzenten op der Welt (2005)
Rang Land Quantitéit
(an Dausend Tonnen)
Plaz Land Quantitéit
(an Dausend t)
1Russesch Federatioun 3.630 9Tschechesch Republik 197
2Polen 3.359 10USA 191
3Däitschland 2.794 11Éisträich 164
4Ukrain 1.184 12Frankräich 149
5Wäissrussland 1.155 13Dänemark 132
6China 748 14Spuenien 126
7Kanada 367 15Schweden 112
8Tierkei 260Welt 15.515

Quell: FAO, Faostat, 2006[2]

Zu Lëtzebuerg louch d'Produktioun 1990 bei 2.366 Tonnen. Dës goung bis 2006 op 8.727 Tonnen erop, fir dann nees, bis 2011 op 4.189 Tonnen erofzegoen[3].

  • Miedaner, Thomas, 2007. Roggen - Getreide mit Zukunft! 190 S. Roggenforum e.V. (Hrsg.). DLG-Verlag. ISBN 978-3-7690-0687-2.
  • Reiner, L., 1979. Winterroggen aktuell. DLG Verlag.
  • Schiemann, Elisabeth, 1948. Weizen, Roggen, Gerste. Systematik, Geschichte und Verwendung. Fischer-Verlag Jena.
👁 Image
Commons: Kar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. A Géigende mat rauem Klima ass den Undeel vu Kar an der Rekolt no an no geklommen, fir op ganz aarme Bieden a kille Gebidder praktesch 100% vun der Rekolt auszemaachen. Sou erkläert sech déi fréier staark Dominanz vum "Kuarren" am Éislek grad sou wéi an de meeschte Gebidder an Europa déi méi héich leien.
  2. FAO, Faostat , Statistik vun der FAO 2006
  3. Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement durable, Service d'économie rurale: L'agriculture luxembourgeoise en chiffres 2012. op statistiques.public.lu