| Paris Hilton | |
|---|---|
|
👁 Image | |
| Gebuertsnumm | Paris Whitney Hilton |
| Gebuer |
17. Februar 1981 New York |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun | Buckley School, Professional Children's School |
| Aktivitéit | Schauspillerin, Sängerin, Mannequin, Geschäftsfra, Promi, Televisiounsschauspillerin, Filmschauspillerin, Disk Jockey, Moudendesignerin |
| Gréisst | 172 cm |
| Famill | |
| Liewenspartner(in) | Rick Salomon, Benji Madden |
|
| |
D'Paris Whitney Hilton, gebuer de 17. Februar 1981 zu New York City, ass als Model, Moudendesignerin, Schauspillerin a Sängerin aktiv. Si ass eng Urenkelin vum Conrad Hilton, dem Grënner vun Hilton Hotels & Resorts.
Wéinst hirem aparte Liewensstil an hire provokanten Optrëtter zitt si bewosst den Intressi vun de Medien op sech fir sech sou erfollegräich selwer ze vermaarten. Si ass domat e Beispill vun engem Stärchen, dat bekannt gouf net wéinst sengem Talent oder Aarbecht, mä just wéinst sengem Räichtum a kontroverséierten Extravaganzen.
Opgefall ass se 2003 an engem private Sexvideo (1 Night in Paris), wat d'Aschaltquot vun hirer grad ugefaangener Fernseeserie The Simple Life op ee Coup verbessert huet. 2005 krut se no e puer méi klengen Niewerollen eng éischt richteg Roll am Horrorfilm House of Wax.
2006 huet se mat där aus dem Museksalbum Paris ausgekoppelter Single "Stars Are Blind" Erfolleg an den Charts gehat. Enn des Jors war se an allen Zeitungen, wéi se zesumme mam Britney Spears ouni Ënnerwäsch erausgaangen ass. 2007 huet se misse fir 23 Deeg an de Prisong, well se no e puer illegalen Tëschefäll och nach ouni Führerschäi gefuer war.
2008 huet se ugefaangen hir Reality-Show My New BFF ze dréinen. 2010 gouf se mat Kokain erwëscht, koum awer op Kautioun nees fräi.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Paris Hilton, Merle Ginsberg: Confessions of an Heiress. A Tongue-in-chic Peek Behind the Pose. Simon + Schuster Inc., New York 2004, Buchreihe: Fireside Books, ISBN 0-7432-6664-1.
- Merle Ginsberg, Paris Hilton: Your Heiress Diary: Confess It All to Me. Simon + Schuster Inc., New York 2005, Buchrei: Fireside Books, ISBN 0-7432-8714-2.
- George Mair: Paris Hilton: The Naked Truth. Verlag B&T, 2005, ISBN 1-59609-003-0.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| 👁 Image |
Commons: Paris Hilton – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- AK mat 14 Elementer
- Wikipedia-Artikele mat VIAF-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat LCCN-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat ISNI-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat GND-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat BNF-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat BIBSYS-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat MusicBrainz-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat NLA-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat Facebook-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat Twitter-Identifianten
- Wikipedia-Artikele mat Instagram-Identifianten
- Säiten, déi magesch ISBN-Linke benotzen
