Tourismus oder Tourissem ass en Openthalt, deen net méi laang wéi ee Joer dauert, dee baussent der alldeeglecher Wunn- an Aarbechtswelt läit, an dozou dénge soll, fir friem Plazen a Länner kennenzeléieren an/oder fir sech z'erhuelen.
Et gëtt verschidden Zorte vun Tourismus, wéi z.B. de Fräizäittourismus oder Geschäftsreesen.
Bei der Dauer vun enger Rees gëtt ënnerscheet tëscht:
- Dagesausflich (maximal 24 Stonnen ouni Iwwernuechtung)
- Kuerzreesen (Reese vun 2 bis 4 Deeg)
- Vakanzereesen (Reese vu méi wéi 4 Deeg)
- Laangzäitreesen (Reese vu méi wéi 3 Méint)
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Fir den Tourismus z'ënnerstëtzen gëtt et zu Lëtzebuerg:
- d'Generaldirektioun Tourismus vum Wirtschaftsministère;
- de Luxembourg for Tourism këmmert sech ëm déi déi national Tourismuspromotioun (ersetzt den Office national du tourisme, dee vun 1950 bis 2016 bestoung)
- regional Verbänn fir den Tourismus, d'Offices régionaux du tourisme (ORT):
- a verschidde Gemengen gëtt et:
- eng Tourismuskommissioun oder eng Kulturkommissioun, déi sech mam Tourismus befaasst;
- e Syndicat d'initiative et de tourisme, gekierzt "Syndicat" genannt;
- weider touristesch Veräiner.
Iwwernuechtungsméiglechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]Iwwersiicht vun den Etablissementer an de Capacitéiten[1]:
| Period | 1953 | 1961 | 1971 | 1981 | 1990 | 2000 | 2010 | 2015 | 2020 | 2023 | 2024 | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Hotellen | Zuel | 407 | 410 | 454 | 459 | 399 | 367 | 264 | 177 | 188 | 195 | 199 |
| Capacitéit | 10.111 | 12.553 | 14.730 | 7.826 | 7.910 | 8.409 | 8.267 | 12.560 | 14.679 | 15.483 | 15.814 | |
| Campingen | Zuel | – | – | 113 | 135 | 128 | 121 | 101 | 68 | 69 | 66 | 67 |
| Capacitéit | – | – | 26.700 | 45.600 | 51.300 | 52.298 | 49.113 | 38.814 | 38.893 | 37.301 | 37.621 | |
| Kuerzfristeg an aner
Ënnerkonften |
Zuel | 17 | 13 | 11 | 50 | 30 | 37 | 40 | 54 | 68 | 74 | 89 |
| Capacitéit | 863 | 803 | 618 | 2.442 | 1.418 | 2.082 | 2.433 | 3.273 | 3.598 | 3.670 | 3.784 | |
| Jugendherbergen | Zuel | 11 | 12 | 13 | 11 | 12 | 15 | 14 | 8 | 9 | 8 | 8 |
| Capacitéit | 980 | 1.250 | 1.269 | 1.371 | 1.198 | 1.313 | 1.199 | 917 | 1.026 | 957 | 957 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| 👁 Image |
Commons: Tourismus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Capacité des établissements d'hébergement touristique.lustat.statec.lu(21.11.2025).Gekuckt den 02.03.2026.
