VOOZH about

URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Alexander_Stubb

⇱ Alexander Stubb – Wikipedia


Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Alexander Stubb
👁 Image
Funktioun
13. President vu Finnland
1. März 2024 -
Virgänger Sauli Niinistö
Biographie
Gebuertsnumm Cai-Göran Alexander Stubb
Gebuer 1. Abrëll 1968
Helsinki
Nationalitéit Finnland
Educatioun Collège d'Europe,
Universitéit Panthéon-Sorbonne,
Sorbonne – Paris IV,
London School of Economics
Gielercher Officier vun der Légion d'honneur, Chevalier grand-croix vum Ordre du Mérite vun der italieenescher Republik, Grousskräiz vum Sankt-Olav-Uerden, Grousskräiz vum Uerde vum Hollännesche Léiw
Bestuet mat Suzanne Innes-Stubb (1998–)
Papp Göran Stubb
Mamm Christel Stubb
👁 Image

De Cai-Göran Alexander Stubb, gebuer den 1. Abrëll 1968 zu Helsinki, ass e finnesche Politiker an zanter dem 1. Mäerz 2024 President vu sengem Land.

Hie war vun 2000 bis 2008 Professer um Collège d'Europe zu Bruges, vun 2004 bis 2008 Deputéierten am Europäesche Parlament, dono Ausseminister (2008-2014) a Minister fir Aussenhandel (2011-2014) vu Finnland.

Vum Juni 2014 bis Mee 2015 war hie Premierminister vu Finnland. Dono gouf hie Finanzminister an der Regierung vum Juha Sipilä.

2017 bis 2020 war hie Vizepresident vun der Europäescher Investitiounsbank. Dono war hien Direkter a Professer op der School of Transnational Governance vum European University Institute.

Den 11. Februar 2024 gouf hien am zweeten Tour vun de Presidentschaftswalen zum neie President vu Finnland gewielt an den 1. Mäerz 2024 vereedegt.[1]

👁 Image
Commons: Alexander Stubb – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. "Konservativer Stubb wird neuer Präsident Finnlands." tagesschau.de, 11.02.2024.