VOOZH about

URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Bahrain

⇱ Bahrain – Wikipedia


Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
👁 Image
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
مملكة البحرين
Mamlakat al-Bahrain

👁 Fändel vu Bahrain

👁 Wope vu Bahrain

Detailer

Detailer
👁 Image
OffiziellSprooch: Arabesch
Haaptstad: Manama (al-Manāma)
Koordinaten: 26°13'N, 50°35'O
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
Kinnek: Hamad ibn Isa Al Chalifa
Premierminister: Scheich Chalifa ibn Salman Al Chalifa
Fläch: 694[1] km²
Bevëlkerung: 724 645[2]
Bevëlkerungsdicht: 1044/km²
Onofhängegkeet: vu Groussbritannien,
de 15. August 1971
Nationalfeierdag: 16. Dezember
Nationalhymn: Bahrainuna ("Eist Bahrein")
Wärung: Bahrain-Dinar
Zäitzon: UTC +3
Internet TLD: .bh
Internationalen
Telefonsprefix
:
+973
👁 Image

D'Kinnekräich Bahrain (arabesch: البحرين al-Bahrayn) ass en Inselstaat, deen an enger Bucht vum Persesche Golf läit an aus 33 Insele besteet.

Bahrain läit ëstlech vu Saudi-Arabien a westlech vu Katar. Den Numm "Bahrain" bedeit am Arabeschen "zwee Mierer". Domat sinn d'Mier ëm d'Insel an d'Grondwaassermier vun der Insel gemengt. D'Grondwaasser ass vun eminenter Wichtegkeet am Bahrain, well et déi eenzeg Waasserquell am Land ass. Et gëtt am ganze Bahrain keen eenzege Floss, iwwer 90% vum Land si Wüst.

De Wüstestaat ass mam Export vu Pëtrol räich ginn, ass domat ekonomesch awer och ferm ofhängeg vun dëser eenzeger natierlecher Ressource.

👁 Image
Commons: Bahrain – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. UNO 2004
  2. Stand: 1. Juli 2005. Quell:
    Bei der offizieller Vollekszielung vum 7. Abrëll 2001 goufe 650 604 Leit gezielt.
    Source via UNO